Nei Waassertarifer – Nouveau tarifs – Neue Gebühren – New Rates

NEI WAASSERTARIFFER AN DER GEMENG BETZDER
KÄSCHTENDECKENDE WAASSERPRÄIS

Et ass haut selbstverständlech, datt mer doheem Waasser um Krunn zape
kënne fir ze drénken, ze kachen, eis ze wäschen an ze botzen. Dësen Déngscht
ass mat engem groussen Opwand verbonnen an huet negativ Repercussiounen
op eis Ëmwelt.
Dowéinst huet Europa sech mat enger gemeinsamer Waasserpolitik zum Zil
gesat, d’Auswierkunge vum mënschlechen Agrëff an den natierleche Waasserkreeslaf
ze minimiséieren an de gudden Zoustand vun eisem Waasser an
Europa ze garantéieren. Ee vun den Instrumenter vun dëser Bestëmmung
ass de Verursaacherprinzip, dat heescht, dass de Konsument déi ekonomesch
an ekologesch Käschte vu senger Interventioun an de Waasserkreeslaf
droe muss.
De Gemengerot huet den 28. Januar 2022 een neie Waasserpräis gestëmmt,
deen d’Käschte vum kommunale Waasserdéngscht komplett deckt, sou wéi
et dat nationaalt Waassergesetz bestëmmt.
Déi allgemeng verbreeten Opfaassung, datt d’Quellewaasser näischt kascht,
stëmmt net méi. Duerch den intensive schiedlechen Agrëff vum Mënsch an
den natierleche Waasserkreeslaf huet sech d’Qualitéit vum Waasser a sengem
natierlechen Environnement an Europa an och hei zu Lëtzebuerg bedeitend verschlechtert.
Mee fir datt d’Waasser vum Krunn ka gedronk ginn, muss et propper sinn. Dowéinst gëtt een Deel vum
Waasserpräis an de preventiven an nohaltege Schutz vun eisen Drénkwaasserressourcen investéiert, mat
dem Zil, eng opwändeg a käschtenintensiv Opbereedung vum Waasser z’evitéieren.
Dat gëllt fir Quellewaasser vun eiser Gemeng, mee och fir d’Grondwaasser an d’Flosswaasser
vum SEBES (Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre), déi een Deel vun
eiser Drénkwaasserversuergung assuréieren.
Dës Mesurë si grad esou am Präis matagerechent wéi och d’Käschte vun den Infrastrukturen
an d’Aarbecht vun deene Leit, déi dës Bauwierker kontrolléieren, bedreiwen
an ënnerhalen. Well all dës Infrastrukturen hunn net nëmme misse gebaut ginn, mee
mussen ëmmer nees ënnerhalen oder ersat ginn.
Nodeems d’Waasser gebraucht gouf, muss dat knaschtegt Waasser nees mat de Kanäl
bis op d’Kläranlag transportéiert ginn. Do gëtt d’Waasser gebotzt, ier et an d’Baachen an an d’Flëss
zeréckleeft.

NEI WAASSERTARIFFER AN DER GEMENG BETZDER

Déi lescht 9 Joer gouf an der Gemeng Betzder de Waasserpräis net méi un de Präisindex adaptéiert. Mat
dësem Manktem huet sech déi kommunal Politik net méi un dat nationaalt Gesetz vum käschtendeckende
Waasserpräis gehalen an de Konsumente wärend Joren ee verbëllegten Tarif verrechent.
Fir ze verhënneren, dass eis Gemeng vun de staatleche Subsiden am Waassersecteur ausgeschloss gëtt,
huet de Gemengerot eng Upassung vum Präis missen decidéieren. Bei der neier Berechnung vun de
Käschte gouf elo festgestallt, dass déi viregt Kalkulatioun sech op falsch Donnéeë baséiert huet. Dëse
Feeler gouf elo corrigéiert an huet zu enger weiderer Hausse vum Präis gefouert.
Deen neie Präis ass no véier verschiddene Secteuren opgeschlësselt, sou wéi et dat nationaalt Waassergesetz
verlaangt. Dës Präisser spigelen déi spezifesch Käschten erëm, déi dës verschidde Konsumente mat
hirem charakteristesche Comportement, dat heescht mat hirem Waasserverbrauch an hirer Verschmotzung
verursaachen.
Fir d’Menagen ass de Präis vun 1000 Liter Drénkwaasser ëm 70 Cent ouni TVA geklommen.
Den Uschlosspräis ass fir en Haus ëm 8,80 € ouni TVA pro mm Uschloss gehuewe ginn.
Dës nei Präisser gëllen zënter dem 1. Mee 2022.
Dofir wëlle mer Iech, als Awunner vun eiser Gemeng, dës Informatioune mat op de Wee ginn, fir dass Dir
Iech op dës Hausse kënnt astellen an iwwert de Summer scho Waasser spuere kënnt. Dëst ass néideg fir
eis Ëmwelt, an awer och fir Är Energiekäschte kënnen ze kontrolléieren.
dépliant

Cliquez ici pour la version française

Klicken Sie hier für die deutsch Fassung

Click here to get informations in English

 

 

 

 

Dernière modification le 03.08.2022

Des articles de la même catégorie

ROUTE BARREE – CR134 Roodt-sur-Syre – Mensdorf le 26/04

ROUTE BARREE – CR134 Roodt-sur-Syre – Mensdorf le 26/04

[AVIS - PONTS & CHAUSSEES et RGTR] Wéinst Aarbechten ass den C.R 134 tëschend Menster a Rued-Sir den 26. Abrëll 2024 fir all Verkéier gespaart. 🚍👉 Kuckt hei d'Ännerungen betreffend d'Bus Lignen B01, B11, C11 an D04 : https://tinyurl.com/y5s584ya   En raison de...

APPEL A CANDIDATURE #betz4yourfuture

APPEL A CANDIDATURE #betz4yourfuture

[APPEL À CANDIDATURE] Mell dech a gëff aktiv an eiser Kommissioun #betz4yourfuture Du hues maximal 26 Joer ? Gudd Iddiën ? A wëlls Projeten fir d’Jugend mat gestalten ? Da schreif eis bis den 10. Mee 2024 mat dengen Donnéeën op folgend Mail-Adress :...

Aller au contenu principal