Geff Member am Klimateam vun der Gemeng

De Klimapakt soll de Gemengen, hire Bierger an den Entreprisen erméiglechen sech aktiv am Klima- an Ëmweltschutz anzesetzen. Fier hiert Engagement gouf d’ Gemeng Betzder dëst Joer mat der Zertifizéirungsstuf vun 50% am Klimapakt ausgezeechent. Des gutt Aarbecht soll elo no den Walen mat neiem Elan weidergefouert gi fir z.B. nach méi erneierbar lokal Energie ze produzéieren oder den Ressourcëverbrauch weider ze reduzéieren. Dofir brauche mir deng Mathëllef:

De Schäfferot rifft interesséiert Biergerinnen an Bierger op fir am Klimateam matzeschaffen an sech bis den 16.01.2024 ze mellen. Dëst entweder per Email un secretariat@betzdorf.lu oder per Bréif un den Schäfferot vun der Gemeng.

Fir Member am Klimateam ze ginn sinn keng spezifesch Virkenntnisser néideg. Interessi fir den Klima- an Ëmweltschutz a Loscht sech an der Gemeng anzebréngen ginn duer!

D’Klimateam besteet aus Vertrieder vun der Politik, Mataarbechter aus der Verwaltung, Bierger jonk bis al, Vertrieder vun lokalen Entreprisen an Commercen an engem Klimaberoder.

D’ Aufgab vum Klimateam ass sënnvoll Projete an Aktiounen an den Beräicher Klima, Mobilitéit, Energie an Ëmwelt virzeschloen, auszeschaffen an d’ Gemeng bei der Ëmsetzung ze ënnerstëtzen.

Et wäerten ongeféier 5 Reuniounen pro Joer ofgehalen gi.

De Naturpakt ergänzt de Klimapakt an den Beräicher Naturschutz an Erhalen resp. Verbesserung vun der Biodiversitéit. Béid Pakten zesummen erlaben et der Gemeng sech nohalteg ze entwéckelen an optimal op d‘Suiten vun Klimawandel unzepassen.

Dernière modification le 20.12.2023
Aller au contenu principal