Gëff Member am Naturpaktteam vun der Gemeng

Den Naturpakt soll de Gemengen, hire Bierger an den Entreprisen erméiglechen sech aktiv am Naturschutz anzesetzen. Fir hiert Engagement gouf d’ Gemeng Betzder dëst Joer mat der Zertifizéierungsstuf vu 40% am Naturpakt ausgezeechent. Des gutt Aarbecht soll elo no de Wale mat neiem Elan weidergefouert gi fir z.B. nach méi vir den Naturschutz ze maachen an och géint de Verloscht vun der Biodiversitéit virzegoen. Dofir brauche mir deng Mathëllef:

De Schäfferot rifft interesséiert Biergerinnen a Bierger op fir am Naturpaktteam matzeschaffen an sech bis de 16.01.2024 ze mellen. Dëst entweder per Email un d’secretariat@betzdorf.lu oder per Bréif un de Schäfferot vun der Gemeng.

Fir Member am Naturpaktteam ze gi si keng spezifesch Virkenntnesser néideg. Interessi fir den Naturschutz respektiv och den Erhalt vun der Biodiversitéit a Loscht sech an der Gemeng anzebrénge ginn duer!

D’Naturpaktteam besteet aus Vertrieder vun der Politik, Mataarbechter aus der Verwaltung, Bierger jonk bis al, Vertrieder vu lokalen Entreprisen a Commercen, engem Fierschter an engem Naturpaktberoder.

D’ Aufgab vum Naturpaktteam ass sënnvoll Projeten an Aktiounen an de Beräicher “Urbanem Raum, Offenland, Waassermillieu an de Bëscher” virzeschloen, auszeschaffen an d’ Gemeng bei der Ëmsetzung ze ënnerstëtzen.

Et wäerten ongeféier 5 Reunioune pro Joer ofgehale ginn.

De Klimapakt ergänzt de Naturpakt an de Beräicher Beräicher Klima, Mobilitéit, Energie an Ëmwelt. Béid Pakten zesummen erlaben et der Gemeng sech nohalteg ze entwéckelen an optimal op d‘ Suite vu Klimawandel unzepassen.

Pacte Nature

Le contrat Pacte nature a pour objet de régler le fonctionnement du « Pacte nature » et le paiement des subventions étatiques liées à la mise en œuvre de celui-ci conformément à la loi du 31 juillet 2021 portant création d’un pacte nature avec les communes et modifiant la loi modifiée du 31 mai 1999 portant institution d’un fonds pour la protection de l’environnement.

Le but du « Pacte nature » est d’encourager les communes à s’engager davantage dans la protection de la nature et des ressources naturelles, la lutte contre le déclin de la biodiversité, la résilience des écosystèmes face aux pressions et menaces, et le rétablissement des services écosystémiques.

La mise en œuvre du contrat Pacte nature contribue aux efforts nationaux et à l’atteinte des objectifs du Plan national concernant la protection de la nature, ainsi qu’aux volets écologiques d’autres plans et stratégies dont notamment le plan de gestion des districts hydrographiques et la stratégie d’adaptation aux effets du changement climatique.

Tom Dall' Armellina

Tom Dall' Armellina

Conseiller interne du SIAS

Tél:

+352 34 94 10 32

Adresse Mail:

t.dallarmellina@sias.lu

Dernière modification le 04.01.2024
Aller au contenu principal